An enger mëttelalterlecher Stad, no bei engem kanaliséierte Floss, geschitt op eemol eppes, wat et esou nach ni gouf. Iergendee schluecht enger aler Fra hir Hausdéieren, schneit denen d'Häerz eraus, bitzt se erëm fachmännesch zesummen an hannerléisst e Bréif an engem soignéiertem Franséisch, fir seng Dot z'erklären an zegläich fir sech z'entschëllegen.
Deen éischte Moment kéint ee mengen, dee "Metzler" wéilt där aler, e bëssen droleger an awergleeweger Fra eng stiichten, mä ganz séier stellt et sech eraus, datt et décken Eescht ass.
De Marco, den Nopeschjong, ee Borscht mat vill Imaginatioun, deen an de Verdacht geréit, dee Schëllegen ze sinn, versicht zesumme mat senger Frëndin, dem Carole, den "Déiereschënner" ze fannen. Mä all hir Investigatioune féieren zu näischt.
Wéi et sech erausstellt, datt déi Affaire keen domme Bowestreech ass, män ëner Ëmstänn eng ganz geféierlech Saach kéint ginn, hëlt d'Polizei sech der Saach un. Zesumme mat deene jonken "Detektiven" versichen se, de Schlëssel vun där eegenaarteger Saach ze fannen.
Mat der Zäit gëtt de Fall ëmmer méi verwurrelt an et kann een, ouni z'iwwerdeiwen, schonns dat Schlëmmst fäerten.
E puermol mengen se dee Richtege gepëtzt ze hunn, mä all Kéier stellt et sech eraus, datt se um Hozwees sinn. Bis se da ganz um Schluss, um leschte Stëppel, d'Léisung vun deenen onwahrscheinleche Ereegnesser erausfannen. Et war een "Häerzerkinnek".
Verfasserangabe:
Henri Losch ; mat Illustratioune vum Steffi Wilkomm
Jahr:
2007
Verlag:
Luxembourg, Guy Binsfeld
Aufsätze:
Zu diesem Aufsatz wechseln
opens in new tab
Diesen Link in neuem Tab öffnen
Mehr...
Suche nach diesem Interessenskreis
ISBN:
978-2-87954-182-2
Beschreibung:
190 S. : ill. ; 21 cm
Beteiligte Personen:
Suche nach dieser Beteiligten Person
Thielen, Patty
Fußnote:
Luxemburgisch
Mediengruppe:
Print-Medien (SM,PM)